"Au mois de septembre dernier, nous avons réalisé un projet pédagogique en collaboration avec 4 éducateurs belges et luxembourgeois en formation, une classe du cycle 4 de l’école fondamentale de Koetschette et leur instituteur. Jour 1 : Nous avons commencé par un cours de découverte géographique, culturelle et culinaire de l’île de Madagascar. Découverte de différents objets comme des instruments de musique traditionnels, des livres, de l'artisanat… Ensuite, nous avons dégusté des spécialités locales. Notre objectif était d’éveiller la curiosité des élèves et leur intérêt, ce qui a parfaitement fonctionné puisque les enfants se sont montrés très intéressés par ce que nous leur proposions. | Am September 2015, gouf vun eis ee pedagogeschen Projet realiséiert an Zesummenaarbecht mat véier Educateuren an der Formatioun an enger Klasse am Cycle 4 vun der Kietschter Schoul an hirem Schoulmeeschter. Den 1. Dag hu mir ugefangen mat engem Cours de découverte d.h. enger geographescher, kultureller an kulinarescher Entdeckung : Virstellung vun der Insel Madagaskar, Kenneléieren vu verschiddenen Objet’en z.B. Museksinstrumenter, Bicher, Konschtwierker,…Du goufen et Spezialitéiten ze schmaachen. Esou hu mir gehofft d'Kanner virwëtzeg ze maachen an hiren Interessen unzespriechen. Dat huet och gutt geklappt, well si hu gudden Asaz gewisen. |
Jour 2 : Cette demi-journée était consacrée à la production de paroles et d'une mélodie. Les enfants se sont répartis en groupes afin de jouer avec les mots, que ce soit en français ou en luxembourgeois. Ce sont eux, accompagnés par les éducateurs et leur instituteur, qui ont tout choisi et construit les phrases de la chanson. Nous avons ensuite commencé à la chanter avec un éducateur musicien afin de trouver la mélodie qui allait plaire à tout le monde. Entre les rendez-vous, répétitions du morceau dirigées par la professeure de musique de l’école, que nous remercions. | Den 2. Dag hu mir eis mat engem Lidd beschäftegt an hunn d’ Wierder an d’Melodie erfond. D’Schüler hu sech a Gruppen opgedeelt fir hiren Text ze proposéieren, op franséisch oder op lëtzebuergesch. Zesummen mat den Educateuren hu si dat ganzt Lidd opgebaut. Mir hunn dann alleguerten versicht d’Lidd ze sangen mat engem vun den Educateuren, deen sech an der Musek gutt auskennt an hu probéiert eng Melodie ze komponéieren, déi jidderengem gefält. Tëschent deenen verschidden Rendez-vous’en waren Prouwen an Zesummenaarbecht mat der Museksprofessesch an der Schoul. Hier wëll ech op dëser Plaz Merci soen. |
Jour 3: Enregistrement. Les éducateurs sont venus avec le matériel nécessaire et chaque enfant a pu faire l'expérience d'enregistrer la partie de la chanson qu'il désirait, en solo ou à plusieurs, aiguillé par un musicien confirmé faisant partie du groupe d'éducateurs. Nous avons tous passé un excellent moment et sommes heureux que les enfants aient pu en découvrir autant sur Madagascar et sur la situation des écoliers malgaches, tout en s'amusant. C’est avec plaisir que nous partageons ces quelques photos, faites pendant la réalisation du projet. Nous vous proposerons prochainement un CD qui sera le fruit de cette collaboration interculturelle et intergénérationnelle. | Den 3. Dag gouf d’Lidd opgeholl. D’Educateuren si mat dem néidegen Material komm, fir datt all Kand säin Deel vum Lidd, wat him am beschten gefall huet, konnt ophuelen, am Solo oder zesummen mat Kollegen. Mir hunn all eng gutt Zäit mateneen verbruecht a si frou, dass d’Schüler vill iwwer Madagaskar entdecken konnten an datt si vill Spaass haten. Mat Freed presentéieren mer Iech déi Fotoen vun deenen dräi Deeg a freeën eis lo schonn, geschwënn eng CD virzestellen, déi d’Fruucht vun der interkultureller an generatiounsiwwergräifender Zesummenaarbecht vun dësem Projet ass. |
Virginie, Noémie, Vero, Christine, Rina, Joé, Mathieu et Marc